- Tel: (+352) 40 49 56
- Mail: info@geranimmo.lu
GERANIMMO ass Äre staarke Partner fir de Kaf, de Verkaf, d’Verlounen an d’Verwaltung vun Immobilien. D‘Daachfirma Conzim sàrl ass am Mäerz 2008 gegrënnt ginn. Den Zweck zu där Zäit war d’Berodung an der Fuerschung vu Materialien um Gebitt vun de Materialtechnologien. 2009 sinn dunn déi éischt Aktivitéiten am Sektor vun den Immobilien dobäi komm.
Fir eise Clienten e maximale Service ubidden ze kënnen, goufen 2012 an 2015 d’Firme ConZim Sàrl, GERANIMMO Sàrl a Batirolux S.a. gegrënnt. D’Firma Conzimmo ass eng Firma déi an Immobilien investéiert. Sie huet sech spezialiséiert am kuerzzäitege Verloune vun Zëmmeren an Appartementer, miwweléiert oder net. D’Firma Batirolux huet sech spezialiséiert op grouss Transformatiounen an a Promotioune fir Privatwunnengen.
GERANIMMO Sàrl huet a kuerzer Zäit eng grouss Experienz entwéckelt esouwuel an der „Administration des biens“ , am kuerzzäitege Verloune vun Zëmmeren an Appartementer, ewéi och am Beräich vun den Immobilieninvestissementer.
Déi modern digital Approche vun eiser Firma erlaabt ons eise Clienten e maximale Service a kuerzer Zäit unzebidden.